Member

Rosa Lëtzebuerg ass eng kleng Asbl, déi nëmmen duerch d’Ënnerstëtzung vun hire Memberen liewen a schaffe kann. Sämtlech Evenementer souwéi d’Drécke vun der Clubzeitung “Pie qui chante” léist sech och nëmmen iwwert d’Cotisatiounen vun eisen Ënnerstëtzer finanzéieren.
Wanns de eis Aarbecht ënnerstëtze wëll, resp. esouguer gäer selwer matschaffe wëlls, da gëff nach haut Member! Mir freeen eis iwwert all interesséiert an helfend Hand!
Als Member hues de e Stëmmrecht op den Assemblée Généralen a kanns Member vum Conseil d’Administration ginn. All Member kritt zudeem och nach 4 mol an Joer eng gedréckten Ausgab vun eiser Clubzeitung La Pie qui chante geschéckt.

An esou kanns de Member ginn:

Fir Member ze ginn, einfach d’Cotisatioun Iwwerweisen. Als Bemierk geff folgend Infoen un:

  • Numm (vun den zwee Memberen falls Koppel)
  • Gebuetsdatum
  • Adresse
  • Telefonsnummer
  • E-Mail Adresse

 Cotisatioun

  • 20€ fir pro Persoun
  • 10€ fir Schüler/Studenten
  • 30€ fir Koppelen (also 15€ pro Persoun am Plaz vun 20€)

Bankdaten

Bénéficiaire : Rosa Lëtzebuerg asbl
Code Bic : CCPLLULL
Code Iban : LU48 1111 1287 3213 0000

Du kanns och ganz bequem iwwert eise Webshop eng Memberkaart kaafen!

Benevole

Een Club lierft a leeft just mat vllen Hänn déi hëllefen:

Mëll Dech an paack eng Hand mat un!
Gëff Member vun Eisen Aarbeschsgruppen wei zum Beispill:

  • La Pie qui Chante (Journalist, mobile Reporter, Fotograf, Designer, …)
  • Site Internet (Auteur, Webmaster, …)
  • Queesch (Flyeren ausdroen, Entréeticken verkaafen, Garderobe, Comptoir, …)
  • GayMat (Geff Member vun eisem Organisatiounsteam, …)
  • Associatioun (Bibliothéik, Events, Administratives, …)

Don

Ennerstëtz eis mat Dengem Don!

All Ennerstëtzung ass Wëllkomm! Mach een Virement mat dem Vermierk “Don” op eise Konto.

Bankdaten

Bénéficiaire : Rosa Lëtzebuerg asbl
Code Bic : CCPLLULL
Code Iban : LU48 1111 1287 3213 0000

 

Bei wéideren Froen, kennt Dir Ierch un info@rosa-letzebuerg.lu wenden.