Obwuel et zu Lëtzebuerg eng kleng Schwulen- a Lesben-Communautéit gëtt, ass d’ëffentlech Unerkennung vu gläichgeschlechtlecher Léift wäit ënner dem Niveau vun den Nopeschlänner. D’Positioun vun der Regierung ass geprägt duerch d’chrëschtlecht Welt- a Familljebild vun der CSV. Der EOS Gallup 2003 Ëmfro no géif dat Weltbild awer net der Stëmmung an der Bevëlkerung entspriechen, där hir positiv Astellung vis-à-vis vun Homosexueller iwwer dem europäeschen Niveau leie géif.