De schwul-lesbeschen Informatiouns- a Berodungszenter CIGALE ass eng Initiativ déi 2002 vu Rosa Lëtzebuerg a.s.b.l. an d’Liewe geruff ginn ass. Dëse Service riicht sech un homosexuell, bisexuell mä och heterosexuell Leit déi zu iergendengem Zäitpunkt vun hirem Liewen eng Ënnerstëtzung brauchen am Zesummenhang mat hirer sexueller Identitéit oder Orientatioun.

Eisen Zentrum ass awer net nëmmen als renge Berodungszenter ze verstoe mä, mir verstinn eis virun allem och als geschützte Raum fir Leit déi hir Homosexualitéit aus wéiengem Grond och ëmmer (nach) nët kënnen oder wëllen öffentlech ausliewen. Op alle Fall ass eisen Zentrum op fir all Mënsch deen um Thema intresséiert ass an Informatiounen heizou sicht.

Mir bidde nët nëmmen allgemeng Informatioun an eng individuell sozialpädagogesch Begleedung un, mä fir déi ënner 25-Jähreg fonktionnéiere mir och eemol d’Woch wéi e Jugendhaus.

plan-cigale

Bleift ze soen datt de CIGALE vum “Familljen- an Integratiounsministär” konventionéiert ass, a säit dem 20. Juli 2008 en Agrément définitif huet. (Agrément “formation et conseil socio-familial”, enregistréiert ënnert der Nummer CO-FC/017/2008, vergin un de Gestionnaire “Rosa Lëtzebuerg”, fir d’Ausféieren vun den Aktivitéiten “formation” an “conseil socio-familial”)

Den Internetsite vum CIGALE : www.cigale.lu