Associatioun

D’ASBL Rosa Lëtzebuerg setzt sech zënter hirer Grënnung am Joer 1996 fir d’Rechter vun de lesbeschen, schwulen a bisexuelle Leit zu Lëtzebuerg an.

Rosa Lëtzebuerg fuerdert ë.a. den Ofbau vun Diskriminéierungen an Ongläichbehandlungen an der Gesëllschaft an, an der Legislatioun. Donierft organiséiert Rosa Lëtzebuerg eemol am Joer de Gaymat-Festival, dee während enger Woch duerch ënnerscheedlech Evenementer d’Ëffentlechkeet fir bestoend Ongläichheeten an Problemer vun der LGBT-Community zu Lëtzebuerg sensibiliséiere wëll.

Eis Organisatioun ass desweideren Member an der ILGA Europe.

     tgeu_logo_1

Eemol am Joer fënnt eng Assemblée générale statt, op där d’Memberen opgeruff sinn, fir en neien Conseil d’administratioun ze wielen, deen sech em d’Administratif Aarbechten vun der ASBL souwéi och der Gestioun vum Informatiounszentrum “Cigale” këmmere soll.

Op der Generalversammlung vun dësem Joer goufe folgend Leit an de Conseil d’Administration gewielt:

Statuten

Héi fannt Dir Stauten:

Klick héi, fir d’Statuten ze liesen.

Comité