Rosa Lëtzebuerg

02. April 2015

Jugendgrupp vu Cigale / Rosa Lëtzebuerg asbl “AnereWee”

AnereWee_Newslettergrafik

02.06.2016 – 09.06.2016 – 16.06.2016 – 30.06.2016

13.00 bis 16.00 @ CIGALE (Center Rosa Lëtzebuerg asbl) Cigale, 3, rue des Capucins, Luxembourg, 5ter Stock

Jugendgruppe – Groupe des Jeunes 


Beschreiwung vum Event

 

D’Jugendgrupp ass en Angebot fir Jugendlecher vu 15 bis 25 Joer. Et ass eng oppe Grupp fir LGBT-Jugendlecher, déi nach op hirem Wee vun der Selbstfindung sinn an déi einfach nëmme gäere Kontakt zu anere Jugendlecher sichen. D’Treffe fënnt all Donnechdeg Nomëtten tëscht 13.00 an 16.00 Auer an de Raimlechkeeten vu Rosa Lëtzebuerg an eisem Zentrum CIGALE (3, rue des Capucins, Lëtzebuerg-Stad um 5. Stack) statt. Méi Informatiounen ginn et natierlech op www.cigale.lu.

Jiddweree ka kommen a goe wéi et ëm am beschte passt. D’Angeboter gi mat de Jugendlechen zesummen ausgeschafft a kënnen ganz ënnerschiddlech sinn. Vun Chillen iwwer Fräizäitaktivitéieren bannend oder baussend dem Zentrum bis hin zu gréissere Projeten ass bal alles méiglech. Sämtlech Angeboter fannen an engem geschützte Kader statt, wou ganz vill Wert op Anonymitéit an d’Wuelbefannen vu jiddwer eenzelnen geluecht gëtt. D’Grupp gëtt vun engem Sozialpädagog begleet.



About the Author

Rosa Lëtzebuerg
Présidente




Brunos Gay store

0 Comments


Be the first to comment!


Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*